All Ekipp soll allerspéitstens um 11:00 Auer an der Hal hier Presenz confirméieren vir dass Mir um 12:00 Auer kënnen starten. (Adress vun der Hal: FESTIKUSS 3, rue Jean Anen L-4460 Soleuvre)
Virum Tournoi ginn Spillreegelen nachengkeier widderholl.
Vir déi richteg Sportlech Motivatioun suergen ons Deejays.
Virun all Match, muss all Ekipp hiren Béier Krou bei den Comptoir selwer fëllen goen. (Spill Béier ass am Präis vun der Umeldung mat dran).
Eise Grill ass ab 11:30Auer och Asaz bereet.
Insgesamt ginn et 3 Spill Gruppen, 2 dovunner spillen an 1 Grupp huet ëmmer Spillfräi
Spill-dauer 12min.
Natierlech sinn Supporter wëllkomm.
Den Tournoi geet bis maximal 18:00 Auer vir déi duerno nach stinn, ass eng After Party ugesot.
1. Ekippen
Pro Ekipp dierfen 5 Spiller um Feld stoen.
2. Verlaf vum Match
Gespillt gëtt 5 géint 5 op engem Völkerballterrain. Nieft dem Terrain steet en Beer-Pong Dësch. Een Match dauert max.12 Minutten. 1 Arbitter iwwerwaacht den Match. Den Ball gëtt an Mëtt geluecht, wien bei Upaff den éischten um Ball ass däerf lass leen. Gespillt gëtt OUNI Kinnek
Gëtt een am Völkerball ofgeschoss huet een d ́Méiglechkeet duerch spillen vum Beer-Pong nees op Feld ze kommen wann een dann och de Becher trëfft. GANZ WICHTEG!, de Béier muss gedronk ginn. Aneschtes wei beim Originalen Beer-Pong dierf een Becher’en net verdeedegen. Et sinn 6 Becher um Beer-Pong Dësch, dat bedeit dass een 6 Jokeren huet fir sech zeréck op Feld ze spillen.
Et ass egal op een Spiller sech 2 Mol zeréck op Feld spillt.
3. Punkten
Maximal 6 Punkten kann een am Match kréien.
Wann een innerhalb deenen 12 Minutten keng Spiller méi um Terrain stoen huet, huet Verluer.
4. Huert den Match déi 12Minuten erreecht, Ginn Becheren gezielt vun den 2 Ekippen, an dat ergëtt den Spillstand 1 Becher = 1 Punkt.
5. Ass et an enger Final gläich, Gëtt en “Sudden Death” ausgedroen. 1 géint 1 mat engem Ball. Deen 1 deen getraff ass huet verluer
All Ekipp dei um Tournéier ugemellt ass, hëllt automatesch un engem weideren Spill Tournéier deel.
Ons berühmten Beierskale.
Nierwt der Gedrénksbar ass e groussen DISPLAY opgericht.
Op dem Display fannt dir äeren Ekippennumm.
An der Zäit wou dir grad keen Match hudd, hudd dir Paus dei Zäit wäert wahrscheinlech matt dem oder aneren Beier verkierzt ginn, a genau daat brengt deng Ekipp no vir !
Pro Beier wous du un der Bar bestells, muss DU dein Ekippen Numm soen an du geseis LIVE wei heigh den Beierverbrauch vun denger Ekipp ass a Liter anhand enger Grafik.
Um enn vum Dag, dei Ekipp dei dei meeschten Liter Beier verbrauch huet gewënnt och e Präis.
„Alka Selzer“ an äere Umeldungs Box soll jo och Sënn machen.