All Ekipp kritt e Kapitän Bändchen, an 3 VAR Jetone. RICHTEG Gelies all Ekipp, huet Méiglechkeet iwwert eise VAR System wei beim Fussball d'Aktioun engkeier op engem Bildschierm nozekucken, bei eisem 3ten Arbitter am Fall wou en denkt et wier eng Feel Entscheedung vum Arbitter. Insgesamt 3 mol wärend dem GANZEN Tournoi dierf deen agesat ginn, an dat ausdrécklech just vum Kapitän.
Den Risiko dass du den Dag duerno Kapp Wéi hues, ass relativ Héich. Mir Suergen vir deen Fall vir! Eng Alka Selzer, an den Dag duerno ass gerett. De Wierkstoff wierkt "Schmerzstillend" géint Kappwéi, an kritt een ouni Rezept an der Apdikt. Inhalt pro Box: 5 Alka-Seltzer - 1 Braus pro Ekippen Member. Bei Risiken oder Nierwenwierkungen fro däin Dokter oder Apdikter.
All Ekipp kritt seng Spill-Trikot'en, mat deem een den Turnéier untrieden soll/muss. Den Design vum Trikot ass vir definéiert mam Logo vum Beer Völkerball, all Ekipp kann sech hier Faarf T-Shirt raussichen an den Ekippen Numm gëtt um Réck vum T-Shirt veréiwegt. Inhalt pro Box: 5-Trikot'en - 1 Trikot pro Ekippen Member. Bei der Gréisst bedenken, dass een méi oder wéineger Sportlech Aktiv ass, do ass et net Verkéiert eng Gréisst méi grouss ze-huelen. "Trikot sinn normal geschnidden."